Gemengerot vum 16. Oktober 2023
Den Haaptpunkt vun dësem Gemengerot war mat Sécherheet den Débat iwwer d’Schäfferotserklärung. Als gréng Fraktioun hate mer awer och nach zwou Froe gestallt, nämlech eng Kéier zu den Horairë vun den zwou City Bus-Linnen déi eiser Meenung no net gutt un den Horaire vum Zuch ugepasst sinn an eng Kéier zu den Infrastrukturen um Kalléksuewen déi deels leider a kengem gudden Zoustand méi sinn.
Eis Virschléi der mer dem Schäfferot gemaach hunn souwéi d’Notten zur Ried am Gemengerot kann een hei noliesen.
De ganze Gemengerot kann een hei nolauschteren.



