Gemengerot vum 11. Dezember 2023 - D'Budgetssëtzung
Am leschte Gemengerot vum Joer ass et ëm de Budget vum nächste Joer gaangen, mä net just. Et gouf och iwwer eng sougenannten “Délibération concordante” ofgestëmmt ginn, déi fuerdert, datt d’Gemengen Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng-Sauer ab nächstem Joer finanziell och esou behandelt ginn ewéi et am PDAT (programme directeur d’aménagement du territoire) och virgesinn ass.
De Budget ass de wichtegste Vote vum Joer. Ouni ee gestëmmtene Budget kann eng Gemeng nämlech keng Rechnunge bezuelen. De Budget wéi e vum LSAP-CSV-Schäfferot virgestallt gouf ass gepräägt vu villen Investitiounen oder de Virbereedungen op Grousser an noer Zukunft (cf. nei Grondschoul zu Waarken). Sou sollen d’nächst Joer bspw. 24 Milliounen Euro nei Scholde gemaach ginn.
Mir haten eng ganz Rei vu Saachen um Budget an den (Net-)Prioritéite vum Schäfferot auszesetzen, an hunn dowéinst dergéint gestëmmt.
Hei kann een dem Svenja seng Interventioun zum Budget nolauschteren.
Anescht ewéi beim Budget hu mer d’Délibération concordante matgestëmmt. Et ass fir eis kloer, datt Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng säit Joren eng ganz Rei vu wichtege regionalen an nationalen Aufgaben iwwerhuelen an datt si dowéinst och endlech musse finanziell esou ënnerstëtzt ginn, ewéi dat bspw. och fir Esch/Uelzecht de Fall ass. D’Svenja huet a senger Interventioun heizou awer och dorobber opmierksam gemaach, datt een onofhängeg vun dëser Fro weider déi regional Zesummenaarbecht stäerken, d’Fusioun weiderdreiwen an d’Kommunikatioun dozou verbessere muss.
De ganze Gemengerot kann ee wéi ëmmer um Site vun der Ettelbrécker Gemeng lauschteren.


