background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 26. Februar 2024

Den Ordre du jour vum Gemengerot
Eis Motioun zum Heescheverbuet
Eis Motioun zur Policepräsenz
Eis Fro zu enger Infoversammlung zum neien ASBL-Gesetz
Eis Fro zu de Buslinnen 115 & 116

D’Svenja hat sech fir dëse Gemengerot vill virgeholl, nämlech direkt zwou Motiounen an zwou Froen. D’Motiounen hunn dobäi ronderëm d’Heescheverbuet zu Ettelbréck an indirekt och mat deem an der Stad ze di gehat.
An der éischter Motioun goung et nämlech dorëms d’Heescheverbuet zu Ettelbréck ofzeschafen. Hei waren awer esouwuel d’Majoritéit vun LSAP an CSV ewéi och d’DP net mat averstanen. Si wëlle virun allem elo mol op een ugekënnegt neit Gesetz waarden befir een – wann iwwerhaapt – eppes un eisem Réglement ännert. Nolauschtere kann een déi ganz Diskussioun hei drënner.

An der zweeter Motioun goung et dorëms, datt de Schäfferot beim Policeminister sollt intervenéieren fir d’Policepräsenz zu Ettelbréck an am Norde sécherzestellen. Et ass nämlech esou, datt de Minister aus dem ganze Land Polizist*innen an d’Stad ofgezun huet fir do ë.a. d’Heescheverbuet ëmzesetzen.
Hei huet de Buergermeeschter an der Diskussioun gesot, datt hien an de Woche virum Gemengerot schonn eng gutt Diskussioun mam Minister hat, an hien Ettelbréck dobäi ee Policekommissariat “à trois roulements”, also eent wat 24/7 besat wier, an Aussiicht gestallt an et dowéinst net opportun fonnt huet déi Motioun ze stëmmen. D’Svenja hat sech där Argumentatioun ugeschloss. Déi ganz Diskussioun kann een hei drënner nolauschteren.

Hei fënnt een d’Fro an d’Äntwert zur méiglecher Infoversammlung a punkto ASBL-Gesetz.

Hei fënnt een d’Fro an d’Äntwert zu de Buslinnen 115 & 116.