Gemengerot vum 18. Mäerz 2024
Um Gemengerot gouf et vu Gemengesäit een technesche Problem bei der Opnam vun den Diskussiounen, sou datt mer iech hei net déi komplett Diskussioune kënne verlinken.
Aktuell ginn et esouwuel zu Ettelbréck wéi och zu Dikrech Projete fir eng nei Bibliothéik an ee kommunaalt Archiv. Mir fannen, datt een do ganz am Nordstad-Spirit zesummeschaffe kéint an hu gefrot, ob een an déi Richtung wéilt goen. Zwar huet den Ettelbrécker Schäfferot erkläert, datt ee scho mam Dikrecher Schäfferot driwwer geschwat hätt, mä et huet sech fir eis esou unhéieren, ewéi wa béid Gemenge bei hiren eegene Projete bleiwe géingen. Mir fannen dat immens schued.
Zu Waarke gouf bei der Schofsbréck fir den Trialclub ee klenge Chalet mat Sanitäranlage gebaut. Vue datt vun där Plaz eng ganz Rei vu Wanderweeër lassginn, hu mir gefrot, ob een déi Sanitäranlagen net och fir de Public kéint opmaachen. Déi Iddi gouf allgemeng positiv opgeholl, de Schäfferot wollt awer fir d’éischt mam Veräin schwätzen befir se eppes an déi Richtung decidéieren.



