background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 22. Abrëll 2024

Den Ordre du jour vun der Sëtzung
Eis Fro zu den Deviatiounen um Boeschel

An dësem Gemengerot stounge vill méi kleng Saachen um Ordre du jour. Eis gefreet huet, datt een um Chalet vun de Guiden zu Waarken eng Photovoltaikanlag installéiere wëll.
Eng Fro hu mir och gestallt, nämlech zu der Déviatioun iwwer de Boeschel, well de ‘klenge Contournement’ fir ee Chantier gespaart war. An der Vergaangenheet hu sech bei änlechen Déviatiounen duerch Wunnstroosse scho Bierger*inne beschwéiert, sou och dës Kéier nees.
De Schäfferot huet a senger Äntwert virun allem gemengt, datt een d’Awunner*innen an Zukunft besser am Viraus informéieren an een d’Signalatioun op der Plaz verbessere misst. Déi ganz Äntwert kënnt der hei drënner lauschteren.

Déi komplett Opzeechnung vum Gemengerot fannt der um Site vun der Gemeng.