background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 15. Juli 2024

Ordre du jour
Fro zum Reider
Fro zu den Noutfallpläng

Et war ee vollen Ordre du jour op dësem Gemengerot, ë.a. huet d’Gemeng op een Neits Geschäftsflächen an der Foussgängerzon kaf. Mir als Gréng hunn dobäi prinzipiell kee Problem domadder, wann d’Gemeng Flächen opkeeft, eise Problem ass vill méi, datt de Schäfferot eis ni ee Konzept oder eng Iddi virleeë kann, wat dann domadder geschéie soll.
Doriwwer eraus stoungen och insgesamt 4 Froe vun eis um Programm, wouvunner der 2 awer nach vun engem Gemengerot virdrun hu misse verluecht ginn.
Fir d’éischt hate mer eng Fro zu eventuelle kommunalen Noutfallpläng bei Naturkatastrophen, wéi Iwwerschwemmungen duerch Staarkreen. Hei huet de Schäfferot op eng Étude zum Staarkreen verwisen, déi nom Summer ëffentlech virgestallt gëtt, awer och ervirgestrach, datt een an engem nationalen Aarbechtsgrupp mam CGDIS aktiv wier fir allgemeng méi resilient ze ginn.

Fro zu den Noutfallpläng bei Naturkatastrophen

Dun hu mer eng Fro zum Reider gestallt. Notamment wollte mer wëssen, ob den Ettelbrécker Schäfferot eng änlech Decisioun wéilt huelen ewéi den Dikrecher, nämlech de Reider zukünfteg just nach un déi Haushalter ze verdeelen, déi en och explizit wëlle kréien. LSAP-CSV hunn doropshi geäntwert, datt ee fir d’éischt de Feedback vun de Leit zu Dikrech wéilt ofwaarden, befir ee sech méi Gedanken doriwwer mécht.

Fro zum Reider

Dann hate mer eng Fro zu den neie Linne vum Nordstadbus, an hunn dobäi nach kritiséiert, datt d’Gemeng et net hikritt hätt am Viraus vum Réaménagement vun de Linnen déi nei Horairen un de Bushaltestellen unzebréngen oder bspw. de Leit an der Waarkener Strooss Bescheed ze soen, datt kee Bus méi duerch hir Strooss fuere wäert.

Fro zum Nordstadbus

Déi lescht Fro huet sech mat de geplangte Vëlosweeër beschäftegt. Mir wollten nämlech wëssen, wéini et hei endlich viru geet. Leider krute mer vum Schäfferot dorobber keng kloer Äntwert.

Fro zu de Vëlosweeër

De Recht vum Gemengerot kann ee sech wéi gewinnt um Site vun der Gemeng ulauschteren.