Oppene Bréif un de Buergermeeschter Bob Steichen
Am Oktober hu mir eis forcéiert gefillt, dem Buergermeeschter Bob Steichen (LSAP) een Oppene Bréif ze schreiwen, dat wéinst den Handlunge vu sengem 2. Schäffen, dem Pascal Nicolay (CSV). Am Summer nämlech hat de Pascal Nicolay eng Petitioun ënnerschriw, déi gefuerdert huet, datt net méi iwwer LGBTQIA+ mat Mannerjäregen an eise Schoulen dierft geschwat ginn. Seng Ennerschrëft war duerch eng Recherche vun der Wochenzeitung woxx ëffentlech ginn.
Dës Ennerschrëft ass net just dowéinst problematesch fir eis, well se ee queerfeindlecht Mënschebild offebart, mä se steet och an direktem Widdersproch mat enger Motioun déi de Gemengerot zu Ettelbréck eestëmmeg – also och vum Här Nicolay ënnerstëtzt gouf – am Joer 2021 geholl hat an där sech d’Gemeng Ettelbréck engagéiert huet fir aktiv géint Diskriminatioune vun LGBTQIA+ virzegoen.
Vue datt den Här Steichen an der September-Sëtzung vum Gemengerot kee Wuert dozou verluer hat, hu mir him de Bréif geschriwwen an hie gefrot, wéi hien zu där Saach stoe géing, wëssend datt den Här Nicolay och nach de kommunale Beoptraagte fir d’Gläichstellung tëscht Mann a Fra ass.
Wéi dunn den Här Steichen och am Gemengerot vum Oktober net vu sech aus driwwer schwätze wollt, hat d’Svenja Birchen zum Schluss vun der Sëtzung nach eng Kéier drop opmierksam gemaach, wou doropshin eng Diskussioun lassgebrach ass.
Mir sinn enttäuscht aus der Diskussioun erausgaangen, well bis op den Tom Peiffer (CSV) kee Gemengerotsvertrieder Verständnis fir eis Problemer mat der Ennerschrëft vum Här Nicolay gewisen huet. D’Queerfeindlechkeet vun der Petitioun gouf ë.a. vun de Vertrieder vun der DP erofgespillt a virun allem gouf eis de Virworf gemaach hei net “mat Respekt” ze handelen.
Den Här Buergermeeschter huet a senger Äntwert gezielt, datt hie kee Problem mat där Ennerschrëft hätt, well se “privat” getätegt gouf a well hien an engem Gespréich mam Här Nicolay festgehalen, datt dësen absolut d’Wäerter vun Toleranz a co. géing deelen, an hien dowéinst och weiderhi kéint Beoptraagte fir d’Chancegläichheet tëscht Mann a Fra kéint bleiwen.

