background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 14. Oktober 2024

Ordre du jour
Eis Fro zum Boulevard GD Charlotte
Eisen oppene Bréif

Dëse Gemengerot war e bësse méi lass ewéi soss. Fänke mer awer vir un. D’UP Foundation huet zesumme mam Service Enfance d’Pläng fir d’Kannerrechtswoch 2024, wéi och fir dat nächst Joer presentéiert. Do war virun allem d’Nouvelle, datt ee Kannergemengerot en place gesat soll ginn.
Dann hate mir eng Fro zum Boulevard Grande Duchesse Charlotte. Hei hu sech nämlech méi Awunner*inne bei eis gemellt gehat, datt si an der Strooss eng ganz Rei vu Problemer, wéinst ze vill Traffic an engem ze schmuelen Trottoir hätten. De Schäfferot huet sech doropshi Bereed erkläert a Richtung vun engem Shared Space ze plangen.

Fro zum Boulevard GD Charlotte

No dëser Fro hätt u sech de Gemengerot solle fäerdeg sinn. Mir haten awer gutt 10 Deeg virdrun een Oppene Bréif un de Buergermeeschter geschéckt, well den 2. Schäffen a Beoptraagte fir d’Chancëgläichheet am Summer eng queerfeindlech Petitioun ënnerschriwwen hat a sech domadder als Vertrieder vun der Stad Ettelbréck net konform zu enger 2021 eestëmmeg gestëmmter Motioun verhalen hat. Mir waren der Meenung, datt de Buergermeeschter vu sech aus op dës Thematik ze schwätze komme géing, nodeems hien dat net gemaach huet, hat d’Svenja Birchen zum Schluss vum Gemengerot nach eng Kéier drop verwisen.
Ee Resumé vun der Diskussioun an eis Vue dorobber fannt dir hei.

Diskussioun zu eisem Oppene Bréif

De komplette Gemengerot kann een um Website vun der Gemeng nolauschteren.