Gemengerot vum 11. November 2024
Déi heite Sëtzung gouf virun allem vun der Diskussioun gepräägt fir ee gréisseren Terrain mat engem Haus drop zu Waarken ze kafen. De Schäfferot huet erkläert, datt een hei ganz séier huet missen agéieren, well et och nach aner interesséiert Akteure ginn hätt. Et wéisst een dowéinst och nach net genau wat ee mat deem Terrain maache wéilt. Et wier awer esou, datt een an der Gemeng allgemeng net vill gréisser Terraine méi fanne géing fir Servicer ewéi de Service Technique oder och eng Crêche an een dowéinst hei wollt zougräifen. De Präis mat 1,9 Milliounen Euro wier och “korrekt” a fair.
Mir hunn eis beim Vote enthalen, ebe well de Schäfferot Schwieregkeeten hat ze soen, wat dann elo mam Terrain sollt gemaach ginn. Sou wousst ee bspw. och nach net ob d’Haus wat um Terrain steet dann elo ofgerappt gëtt oder net.
De komplette Gemengerot kann ee wéi gewinnt um Site vun der Gemeng nolauschteren.

