background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 18. Dezember 2024 - D'Budgetssëtzung

Ordre du jour

Et war ee vollgepaaktene Gemengerot mat net manner ewéi 43 eenzelne Punkten um Ordre du jour, an dat op der Budgetssëtzung. Ofgesi vum Budget war vläit d’Diskussioun ronderëm ee gréissere Chantier op der Strooss am Agank vun Ettelbréck virum Centre Administratif Nordstad (Ettelbruck ONE). Hei gëtt nämlech vu Ponts&Chaussées d’Kräizung dem neie Gebai ugepasst, wat den Traffic méi laang wäert stéieren.
Beim Budget selwer hat de Schäfferot zwou positiv Iwweraschunge fir eis parat. Eng Kéier wëll een als Gemeng elo awer dem Naturschutzsyndicat SICONA bäitrieden an et huet een endlech d’Diskussioun fir ee Streetworkservice an der Gemeng opgemaach. Béides si säit laangem Fuerderunge vun eis Gréngen a waren dat lescht Joer nach net an der Schäfferotserklärung opgetaucht. Mir huelen dat als Bestätegung fir eis inhaltlech-konstruktiv Aarbecht.
Trotz dësen zwee absolut positiven Aspekter konnt d’Svenja fir eis Gréng dem Budget net zoustëmmen. Sou gëtt allgemeng vill ze wéineg fir de Klimaschutz gemaach, et ass näischt virgesinn fir déi kommunal Gebaier energetesch ze sanéieren, d’Projete fir Photovoltaikanlagen aus 2024 goufe gréisstendeels net ëmgesat an einfach op 2025 verluecht an et gi keng Pläng oder Iwwerleeungen wéi een d’Fernwärmeanlag, déi een zwar elo moderniséiert, an Zukunft méi accessibel fir privat Haushalter mécht.
Déi ganz Ried vum Svenja kënnt der iech hei drënner ulauschteren.

Dem Svenja Birchen seng Budgetsried

Déi ganz Diskussioun ëm de Budget, ewéi och de Recht vum Gemengerot fannt der ewéi gewinnt um Site vun der Gemeng.