Gemengerot vum 27. Januar 2025
De Gemengerot vum 27. Januar stoung ganz am Zeeche vum Traffic an a ronderëm Ettelbréck. Sou gouf iwwer déi zukünfteg Verkéiersinfrastrukturen a Form vun engem Avis zum neie Plan sectoriel transport (PST) diskutéiert an nei 20/30er Zonen am Kär vun Ettelbréck decidéiert.
Dem Avis zum PST konnte mir zoustëmmen. Dat Eenzegt wat eis e bëssen iwwerrascht hat am Avis war, datt do vun engem méiglechen “Déménagement” vum Camping Rieds war. De geplangte Contournement geet nämlech iwwer den Territoire vum Camping. D’Gemeng Ettelbréck huet awer virun engem Mount a sengem Budget eng gréisser Zomm fir Investitiounen um Camping virgesi gehat, eppes wat mir dee Moment scho kritiséiert haten, well eis ëmmer nach eng gréisser Iddi fir de Camping feelt. D’Svenja Birchen hat dowéinst nach eng Kéier nogefrot, wat déi Formuléierung genau bedeite soll an och däitlech gemaach, datt een net 800.000€ an ee Camping investéiere soll, wann nach guer net kloer wier, ob deen do bleift wou e grad ass oder net.
De Buergermeeschter huet doropshi kloergestallt, datt de Camping an deem Eck bleift wou e grad ass, just datt en vläit um aktuellen Areal e bësse réckele muss. Och wiere keng Investitiounen op där Plaz virgesinn, wou de Contournement hikënnt.
De ganze Gemengerot kann ee wéi gewinnt um Site vun der Gemeng nolauschteren.

