background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 3. Mäerz 2025

Den Ordre du jour vun der Sëtzung
Eis Fro zur Ampelanlag
Eis Fro zu de Problemer mam Drénkwaasser

De Gemengerot am Mäerz hat eng ganz Rei vu wichtege Punkten um Ordre du jour stoen. Ugefaang huet et mam Kaf vun engem ale Bauerenhaff an der Feelener Strooss. Hei huet de Schäfferot eng Chance gesinn fir direkt e puer Aufgaben heimadder ze léisen. Sou soll an noer Zukunft d’Feelener Strooss nei gemaach ginn, an et brauch Plaz dofir. Den Haff ass dofir gutt. Och kann een duerno den Haff als méigleche Parking fir d’Awunner*innen notzen an esou d’Feelener Strooss e bësse méi liewenswäert gestalten. Mam Bauerenhaff selwer war et déi initial Iddi fir do eventuell Jugendwunnengen dranzesetzen, also Wunnengen déi explizit fir Jonker gemaach sinn, eppes wou mir scho méi laang fuerderen, datt d’Gemeng do méi mécht. Well mir d’Pläng an d’Iddie gutt fannen, huet eis Vertriederin d’Svenja Birchen deem och zougestëmmt.

Da gouf och den Devis fir déi geplangte Grondschoul zu Waarke gestëmmt. Och hei mat eisem Vote. D’Schoul ass mat 96 Milliounen Euro dee bis elo deierste Projet deen d’Gemeng ugaangen ass. De Projet ass aus eiser Siicht awer och richteg gutt. Nieft den Infrastrukture fir d’Schoul soll och eng Maison Relais an eng Sportshal dohinner kommen, an déi bestoend Kapell um Site soll an dee ganze Konstrukt integréiert ginn. Wat eis besonnesch gutt gefällt ass, datt de Schoulhaff naturno gestallt gëtt. Dat Eenzegt wat eis een Där am Aen ass, ass datt eng Kiss&Go-Zon matgeplangt gëtt. Dat ass eng Aart Parkplaz, wou d’Eltere mat hiren Autoen d’Kanner an d’Schoul ofliwweren oder nees ofhuele kënnen. Mir sinn hei der Iwwerzeegung, datt een esou eppes grad bei enger Quartiersschoul net brauch.

Da ginn et och Neiegkeete wat de geplangte Veloswee tëscht Ettelbréck a Waarken ugeet. Hei gouf elo an der Sëtzung den Devis fir déi kommunal Käschte vum Troncon tëscht dem LTEtt an der Klinik gestëmmt. De Bauhär ass awer Ponts&Chaussées, wat heescht datt d’Gemeng selwer net weess wéini genau do elo gebaut gëtt. Et soll awer “geschwënn” lassgoen, warscheinlech awer net méi dëst Joer.

De ganze Gemengerot kann ee wéi gewinnt um Site vun der Gemeng nolauschteren.

Mir haten dann awer och nach zwou Froen um Ordre du jour. Déi Éischt huet sech mat der Verschmotzung vum Drénkwaasser mat engem Herbizid um Site vum CHNP befaasst. Hei huet de Buergermeeschter erkläert, wisou just dëse Site betraff ass, an net déi ganz Gemeng. Dat läit dorunner, datt just dëse Site quasi direkt mam Waasser vun der Quell bei Miersch beliwwert gëtt, wärend d’Drénkwaasser vum Recht vun der Gemeng mat anere Quellen vermëscht gëtt. Och war et d’Präzisioun, datt “de Site vum CHNP” och d’Altersheem matabegräift.

D’Diskussioun zur Fro iwwer d’Veronreenegung vum Drénkwaasser um Site vum CHNP

Eis zweet Fro huet mat der Rouder Luucht an der Avenue JF Kennedy ze dinn. Dës Luuchte sprangen no 18 Auer automatesch an déi orange Warnphase. Ee Bierger hat eis drop opmierksam gemaach, datt no 6 Auer awer ëmmer nach eng Rei vu Kanner a Jugendlecher ënnerwee sinn, an et dowéinst besser wier d’Luuchte méi laang am normale Rout-Gréng-Modus ze halen. De Schäfferot huet dëser Remarque recht ginn a kuckt mat Ponts&Chausées fir dat unzepassen.

D’Fro zur Ampelanlag um Eck Avenue Salentiny/Avenue Kennedy