background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 31. Mäerz 2025

Den Ordre du jour vun der Sëtzung

Den Ordre du jour vun dëser Sëtzung war “gréng” ugehaucht, well direkt zwee Punkten zur Sprooch respektiv zum Vote stoungen déi eis um Häerz leien.
Fir d’éischt war dat de Rapport zum Klimapakt 2024. Wichteg ze wëssen hei ass, datt Enn dëst Joer nees eng Zertifizéierung fir d’Gemeng usteet an datt een domadder rechent bei 53% ze leien. Bei der leschter Zertifizéierung virun 3 Joer waren et 50,3%. An der Diskussioun ass dobäi ee puer Mol d’Erklärung opkomm, datt een eng méi urban Gemeng an et dowéinst méi schwéier wier fir bspw. vill Photovoltaikanlagen op den Diecher vu Privatleit ze hunn, et géinge jo schliisslech net wéineg Leit an Appartementshaiser wunnen.
D’Svenja Birchen huet a senger Interventioun ë.a. drop opmierksam gemaach, datt et aner urban Gemenge géing ginn, wéi Beetebuerg z.B., déi et trotz änleche Conditioune packe géingen eng Gold-Zertifizéierung, also 75+% am Klimpakt ze kréien. Dat läit virun allem do drun, datt een de Klimaschutz do seriö hëlt, anescht ewéi dat zu Ettelbréck de Fall ze si schéngt.
Déi ganz Interventioun kann een hei drënner nolauschteren.

Dem Svenja Birchen seng Interventioun no der Presentatioun vum Rapport Klimapakt 2024

Den zweete “grénge” Punkt war dann de proposéierte Bäitrëtt an den Naturschutzsyndicat SICONA-Centre. Dëst ass eng laangjäreg Fuerderung vun eis Gréngen a grad och vun eiser Gemengeréitin Svenja Birchen. Datt d’LSAP-CSV-Majoritéit endlech op dëse Wee goe wëll war scho bei der Budgetssëtzung am Dezember ’24 eng positiv Iwweraschung fir eis a weist, datt et sech absolut lount och an der Oppositioun eng seriö inhaltlech Aarbecht ze maachen. Weder an der Schäfferotserklärung, nach an de Walprogrammer vun CSV an LSAP war vun dësem Bäitrëtt Rieds, wisou mir dat heiten als ee Gewënn vun eis verbuchen.
De Bäitrëtt wäert Ettelbréck eng Kéier knapp 700.000€ kaschten, woubäi d’Halschent vum Staat subsidiéiert gëtt. Do derbäi kënnt all Joers eng Part fixe fir d’Administratioun, déi eis ronn 50.000€ d’Joer kaschte wäerten an d’Käschte fir den Aktiounsplang, deen awer och nees vum Staat finanziell ënnerstëtzt gëtt.
De Gemengerot huet unanime dem Bäitrëtt zougestëmmt. Member wäert Ettelbréck warscheinlech offiziell Enn des Joers ginn, wann all déi aner Membergemengen eis ugeholl hunn.

De gesamte Gemengerot kann ee wéi ëmmer um Site vun der Gemeng nolauschteren.