Gemengerot vum 28. Abrëll 2025
An dësem Gemengerot stoung näischt grouss Weltbewegendes um Ordre du jour. Et goufen zwar nei Leitbiller fir de Klimapakt ugeholl, mä zum Klimapakt a wat Ettelbréck a Saache Klimaschutz alles besser maache kéint hat d’Svenja Birchen schonn um leschte Gemengerot méi wäit ausgeholl.
Bleift nach eis Fro zum Bustransport duerch d’Waarkener Strooss. Hei fueren d’Linnen nämlech säit leschtem Joer net méi derduerch, dat well ee gréissere Chantier an der Rue Pierre Wiser ugefaang hat. Dëse geet esou lues op een Enn an dowéinst wollte mir vum Schäfferot wëssen, ob da fir d’Zukunft geplangt wier op d’mannst verschidde Buslinnen nees duerch dës Wunnstrooss fueren ze loossen.
D’Äntwert vum Buergermeeschter war e bëssen auswäichend, sou huet hien nämlech virun allem op den RGTR verwisen, déi gesot hunn, datt si am léifsten hätten, datt d’Buslinnen d’selwescht an déi eng wéi déi aner Richtung fueren, wat een Emwee duerch d’Waarkener Strooss ausschléisse géif. Et wieren allerdéngs nach keng Diskussiounen doriwwer gefouert ginn, och ugekënnegt Passagéierzielungen op der Ersazbushaltestell wieren nach net ofgeschloss.


