Gemengerot vum 16. Juni 2025
Nieft eiser Fro zur Virplaz vun der Ettelbrécker Bibliothéik, war de Punkt zum Kaf vun zwou neie Geschäftsflächen an der Galerie dee gréisste vun dëser Sëtzung. D’Svenja Birchen huet sech bei deem Vott enthalen, an dat mam gläiche Raisonnement ewéi bei aneren Akeef an der Vergaangenheet. Ouni virgedroen Iddi wat een domadder maache wëll, kann een deem net zoustëmmen. Am Fall vun der Galerie ass et esouguer esou, datt mëttlerweil bal all d’Geschäftsflächen der Gemeng gehéieren, de Schäfferot awer ëmmer nach net virzeechne kann wat si domadder maache wëllen. Hirt Argument dobäi ass, datt ee sech domadder réischt beschäftege kann, wann engem dann och wierklech alles gehéiert.
Eis Fro zur Plaz virun der Bibliothéik kënnt dohir, datt mëttlerweil de Projet Arcade geplënnert ass an dowéinst net méi dauernd Camionetten op där Plaz stinn. D’Bibliothéik ass scho verstoppt a wäert wéinst Schwieregkeeten um Chantier vun der neier Bibliothéik wuel nach e bësse méi laang um aktuelle Site bleiwe mussen. Mir denken, datt een dowéinst elo kann a muss d’Virplaz méi attraktiv gestalten fir datt d’Leit och gär an d’Bibliothéik ginn a sech do e bëssen ophale wëllen.
De Buergermeeschter huet a senger Äntwert drop higewisen, datt een an den Deeg virun der Sëtzung schonn d’Plaz mat Pottoen ofgeséchert hätt fir datt se net méi als Parkplaz géing mëssbraucht ginn an datt ee fir all Iddi oppe wier.
De gesamte Gemengerot kann ee wéi gewinnt um Site vun der Gemeng nolauschteren.


