background background

Ettelbréck

Gemengerot vum 14. Juli 2025

Den Ordre du jour
Eis Fro zum Notze vu KI op der Gemeng
Eis Fro zu de Finanzskandaler an anere Gemengen

Am leschte Gemengerot virun der Summerpaus war nach eng Kéier e bësse méi um Ordre du jour. Sou sollt iwwer eng sougenannten Délibération concordante ofgestëmmt ginn, bei där een nach eng Kéier säi Wëllen ausdréckt fir mat 3 anere Gemengen ee Fusiounsprozess fortzesetzen. Noutwenneg gouf dësen erneite Vott, well dat lescht Joer d’Gemeng Bettenduerf aus eben dësem Prozess erausgeklomm war.
Interessant war dëse Vott awer och, well et déi Woch virdrun zu Ierpeldeng-Sauer zu engem Patt am Gemengerot koum. 4 Gemengeréit ware fir d’Fortsetze vum Fusiounsprozess, 4 dergéint an 1 hat sech enthalen. D’Géigner vun der Nordstadfusioun zu Ierpeldeng haten hire Vott virun allem domadder begrënnt, datt Ettelbréck an Dikrech elo schonn net d’Wënsch a Besoinen vun de klenge Gemenge géing eescht huelen, beispillhaft wier dofir dat geplangte Wandrad zu Waarken, genau op der Grenz zu Biirden.
Kee Wonner also, datt sech vill vun den Diskussioune ronderëm dëse Vott zu Ettelbréck ronderëm dëst Wandrad gedréint huet. D’Svenja Birchen huet a senger Interventioun nach eng Kéier drun erënnert, datt een als déi gréng Fraktioun schonn 2020 Suergen hat wéi sech dëst Wandrad op d’Nordstadfusioun kéint auswierken. Deemols hate mir an enger Motioun proposéiert de Projet vum Wandrad ze reevaluéieren an dofir amplaz ee gemeinsame Plang an der Nordstad fir erneierbar Energien auszeschaffen. Natierlech net, well mir iergendee Problem mat Wandenergie hunn, mä well mer enger Nordstadgemeng ee méi grousst Potenzial a Saache Klimaschutz zoutrauen ewéi engem eenzelne Wandrad (fir dat een och nach aner passend Plaze fonnt hätt).
D’Délibération concordante gouf zu Ettelbréck (wéi och zu Dikrech a Schieren) eestëmmeg ugeholl.

Ried zur Ofstëmmung iwwer d’Weiderféiere vun de Gespréicher zur Nordstadfusioun

D’Svenja hat dunn nach zwou Froen agereecht. Déi éischt huet iwwer d’Notze vu Kënschtlecher Intelligenz op der Gemeng a méigleche Consignë dozou gehandelt. Hatt huet déi Fro gestallt, well d’Gemeng am Mount virdrun ee Post op Social Media mat engem vu KI generéiertem Bild versinn hat a sech allgemeng eng Rei ethesch Froen zum Benotze vun ChatGPT a co. stellen.
De Buergermeeschter konnt eis net soe wou iwwerall op der Gemeng mat KI geschafft gëtt, Consignë géingen et och keng ginn. Et hätt een awer ee puer Woche virdrun op Nordstadniveau decidéiert gehat de Gemengenemployéeën Formatiounen zum Thema unzebidden.

Fro zum Notze vu KI op der Gemeng

An der zweeter Fro goung et ëm déi a leschter Zäit méi heefeg Finanzskandaler an de Gemengen. Hei wollt d’Svenja wëssen, wéi Ettelbréck sech géint méiglech Problemer schützt. De Buergermeeschter huet a senger Äntwert drop verwisen, datt d’Kontrollmechanismen schonn zimlech allëmfaassend wieren an hien net wéist, wéi een déi nach eng Kéier verstäerke kéint. Och war et him wichteg seng Positioun zur Simplification administrative duerzeleeën a sot, datt dat ouni Vertrauen an d’Mataarbechter net géing goen.

Fro zu de Finanzskandaler an anere Gemengen a wéi mir eis schützen

Wéi gewinnt, kann een de komplette Gemengerot um Site vun der Gemeng nolauschteren.