Gemengerot vum 17. November 2025

Den November-Gemengerot war nawell thematesch gutt gefëllt. Fir d’éischt gouf et eng Presentatioun vum Nordstad-Aarbechter iwwer d’Drénkwaasserquellen zu/fir Ettelbréck an de Schutz vun dësen. Aktuell gëtt et eng Drénkwaasserschutzzon zu Ettelbréck, nämlech déi ronderëm de Camping/Grondwee, da gëtt et eng virleefeg an de Buchen, an da bezitt déi Ettelbrécker Gemeng nach ee Groussdeel vu sengem Drénkwaasser vun enger Quell zu Dreiburen, déi och an enger Schutzzon läit. Interessant waren hei d’Informatiounen, datt d’Schutzzon ronderëm de Camping muss anescht agedeelt ginn fir datt de geplangte Contournement Richtung Feelen iwwerhaapt dierft gebaut ginn, an datt op d’mannst wärend der Bauphas zwou Buerungen net kënne benotzt ginn.
Ee Vote um Ordre du jour deen eis iwwerascht a gefreet huet war de Bäitrëtt zum Naturpakt. Änlech ewéi beim SICONA war den LSAP-CSV-Schäfferot am Ufank vun der Legislaturperiod do nach dergéint, mä wéi se soten hu se am Kader vun de Gespréicher zum Bäitrëtt an de SICONA gemierkt, datt den Naturpakt keng schlecht Saach wier. D’Svenja Birchen huet sech am Gemengerot erfreet iwwer dëse Schratt gewisen an huet och direkt ugekënnegt, datt hatt iwwerall do hëllefe wéilt wou et kéint fir datt den Naturpakt fir Ettelbréck ee Succès gëtt.
D’Svenja hat och zwou Froen agereecht. Eng Kéier ass et ëm d’Problematik mat de Valorlux-Tute gaangen, déi reegelméisseg vill ze fréi vun de Leit op d’Voie public gestallt ginn. Hei hat de Schäfferot schonns am Summer 2023 decidéiert, datt een d’Tuten net méi all Joers ausdeelt, mä datt d’Leit se mat Virweise vun der Carte d’identité mussen op d’Gemeng siche kommen. Dat fir datt een déi eenzel Tute noverfollge kann. Mir wollten ë.a. wësse wéi vill Leit dann all Joers hir blo Tute siche kommen, a wéi vill Protokoller bis elo geschriwwe goufen.
De Schäfferot huet erkläert, datt jeweils ronn 6.500 Leit 2024 a 2025 bei der Gemeng passéiert wieren, an datt 2024 nach 34 Protokoller goufen, 2025 bis elo awer just nach 8. Dat heescht d’Leit géinge sech mëttlerweil besser un d’Reegelen halen, an datt déi do Mesure och fonktionnéiert.
An der zweeter Fro wollt d’Svenja wëssen, ob et Updates zur Schintgeshal an der Herckmannsmille géinge ginn. Déi leschtgenannten Infrastruktur ass nämlech säit kuerzem national geschützt.
Hei huet de Schäfferot ze verstoe ginn, datt esou bal nach näischt mat den zwou Gebailechkeete géing geschéien. Bei der Schintgeshal muss een drop waarden, datt d’Bibliothéik a co. aus dem Gebai op der Libératiounsplaz rausplënneren fir datt déi Veräiner déi aktuell an der Schintgeshal sinn dohinnerkënnen.
Bei der Herckmannsmillen ass et duerch déi national Klassifikatioun méi komplizéiert. Hei wäert d’Gemeng elo mol mam INPA kucken, ob een op d’mannst Deeler vum Gebai dierft ofrappen an neibauen.
De ganze Gemengerot kann ee wéi gewinnt um Site vun der Gemeng nolauschteren.


