Parlamentaresch Froen
Heiansdo huet een als Sektioun vun enger Partei oder gewielte Gemengeréitin Froen zu eppes an der Gemeng, mä de Schäfferot huet keng Äntwert, well d’Thema de Staat betrëfft. Dee Moment musse mir dann iwwer de Wee vun eiser Fraktioun an der Chamber fueren. D’Parlamentaresch Froen déi vun eis initiéiert goufe sammele mir op dëser Säit.
Question Parlementaire n°960 – Gare routière d’Ettelbruck (02.07.2024)
D’Busgare zu Ettelbréck huet wéinst dem Chantier op der Gare am Juni 2024 nees d’Plaz gewiesselt, an zwar zréck dohinner wou se virdrun jorelaang ze fanne war. Problem war awer ë.a., datt d’Busser am Ufank keng richteg Quaien op der laang gezunnener Busgare haten, an esou d’Leit net wossten, wou si sech missten histelle fir sécher ze goen, datt hire Bus net ouni si fortfiert.
D’Situatioun huet sech dann och no eiser Interventioun an enger klenger Réorganisatioun vun der Busgare verbessert.
A wann ee schonn no enger Plaz am Chantier freet, da freet een och wéini deen dann fäerdeg ass. Geplangt war, datt d’Busgare 2026 sollt definitiv fäerdeg sinn, mä wéi d’Ministesch erkläert, huet dësen Datum missen op 2028 verréckelt ginn. Och muss d’Busgare nach eng Kéier d’Plaz provisoresch wiesselen befir se op hir definitiv Plaz ënnert der neier Jugendherberg an dem Parkhaus kënnt, an zwar soll dann den eigentlechen Zuchquai 2 genotzt ginn.
Question Parlementaire n°3071 – Réaménagement des terrains avoisinant l’ancien Lycée technique agricole à Ettelbruck (20.10.2025)
Déi al Ackerbauschoul steet scho méi laang eidel. Gewosst war bis dato just, datt d’Gebailechkeeten fir den LTEtt solle sanéiert ginn, an datt eng nei Sportshal dohinner kënnt wou aktuell d’Zäre stinn. Mir hunn eis an dëser Fro awer virun allem fir de Multisportsterrain an d’Busgare interesséiert. Hei gouf et nämlech scho mol 2023 d’Rumeuren, datt de vill benotzten Terrain verschwanne sollt. Deemols huet et vun der Gemeng geheescht, datt nach keng Decisioun getraff wier, een als Gemeng awer wéisst ewéi wichteg de Multisports fir d’Noperschaft wier.
An hirer Äntwert huet d’Ministesch Yuriko Backes awer kloergestallt, datt den Terrain scho wärend de Chantiersaarbechte fortkéim fir op där Plaz ee Parking ze amenagéieren. Chantiersufank ass geplangt fir Fréijoer/Summer 2026. Et soll zwar een neien Terrain op de Schoulcampus kommen, préziséiert wéini dee soll opgoen gouf awer net. De Chantier ronderëm d’Gebailechkeete vun der aler Ackerbauschoul soll fréistens fir d’Rentrée 2032/2033 fäerdeg sinn.
Fir méi Informatiounen zu där ganzer Thematik ze kréien hu mer fir d’Gemengerotssëtzung den 2. Februar 2026 eng gréisser Fro agereecht.
